Billardstournoi fir d’Jugend vu Rëmeleng
Gëschter am Nomëtteg huet de PBC Roude Léiw Rëmeleng, an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus Rëmeleng, e klenge Billardstournoi fir d’Jugendaus der Stad Rëmeleng organiséiert.
Am Ganze hunn 10 Jugendlecher um Tournoi deelgeholl. Donieft waren och e puer Jugendlecher do, fir hir Frënn z’ënnerstëtzen. D’Stëmmung war de ganzen Nomëtteg iwwer ganz gutt: déi Jugendlech haten vill Spaass, mee si wollten och onbedéngt gewannen, wat zu ganz seriéisen an engagéierte Matcher gefouert huet.
De Tournoi gouf am 8-Ball gespillt, an de Spillniveau huet eis positiv iwwerrascht. Verschidde Participanten haten schonn Erfahrung a konnten e ganz gudde Niveau weisen.
Natierlech gouf et och e puer Präisser ze gewannen:
1. Plaz : eng Billardqueue mat Täsch
Plazen 2 bis 4 : Billard-T-Shirten
All déi aner Participanten kruten kleng Billard-Accessoiren.
En Deel vun de Präisser gouf generéis gesponsert vun Dynamic Billard Organisation GmbH deene mir fir hir Ënnerstëtzung villmools Merci soen.
Nom Tournoi plange mir och geschwënn e Frëndschaftsmatch z’organiséieren: déi 4 bescht Spiller vum Tournoi triede géint













